Speakers

Mobilitéit
Den zentrale Punkt vum „Sudstroum escher kulturlaf“ ass de Site Esch-Belval. Mir recommandéieren Iech, zu Fouss, mam Vëlo oder mam ëffentlechen Transport (Bus oder Zuch) op Esch-Belval ze kommen.
Ravitaillement
Déi éischt Coureuren (5 Kilometer) lafen no ongeféier 20 Minutten iwwert d’Arrivée. Wéinst dëser relativ kuerzer Dauer vum Effort ass e grousse Ravitaillement net néideg. Fir d’Coureuren, déi manner séier sinn, an d’Amateuren ass et awer wichteg, regelméisseg ze drénken an z’iessen. Dofir stelle mir 2 Ravitaillementen um 10-Kilometer-Laf, 3 Ravitaillementen um 10-Meile-Laf a 4 Ravitaillementen um Hallef-Marathon. Zousätzlech ass e Ravitaillement op der Arrivée virgesinn.
Sudenergie Mini-Kulturlaf
De „SUDenergie Mini-kulturlaf“ ass eng Course (1000 m) fir Kanner tëschent 5 an 12 Joer. Deng Participatioun ass gratis an du brauchs och keng Lizenz. Dat primäert Ziel vum „SUDenergie Mini-kulturlaf” ass matzemaachen an sech z’amuséieren. Deng Zäit gëtt net gemooss.
Museksprogramm
Un der Streck encouragéiere Museker a Museksgruppen d’Leefer an ënnerhalen d’Spectateure.
D’Partnerschaft tëscht SOS Village d’Enfants Monde
Dest Joer ënnerstëtzt de „Sudstroum escher Kulturlaf“ dës karitativ Organisatioun mat engem Don: „SOS Villages d’Enfants Monde“ „SOS Villages d’Enfants Monde“ ass eng ONG am Déngscht vu Kanner a Familljen a Gefor. Zu Lëtzebuerg an an deene Länner, wou si aktiv ass, ass d’A.s.b.l. e Referenzakteur am Beräich vun de Kannerrechter a fir d’Protektioun vun de Kanner. Si féiert Entwécklungsprogrammer duerch an ënnerstëtzt Nouthëllef- a Rehabilitatiounsprogrammer. Mat hirer Aarbecht wëll si Weesekanner, Kanner, déi verlooss goufen, a Kanner am Leed op der ganzer Welt e Laachen an d‘Gesiicht zauberen an hinnen eng besser Zukunft bidden.
Kulturelle parcours
De Parcours vum „Sudstroum escher kulturlaf“ féiert net nëmme laanscht verschidde kulturell Site vun der Stad. Museker a Museksgruppe spillen och op Podiumen an natierlech Emplacementer laanscht de Parcours an dat virun, wärend an no der Course.
Vestiairen & Duschen
D’Vestiairen an d’Dusche vum Lycée Bel-Val (mat separatem Fraen- a Männerberäich) si fir d’Leefer disponibel. No der Course fiert eng Navette permanent tëschent der Arrivée an dem Lycée (Trajet: ongeféier 1 km).
Präisiwwerreechung & „After Kulturlaf Party“
D’Präisiwwerreechung ass géint 20.15 Auer an der „Maison des Arts et des Etudiants“ op Esch-Belval. No der Iwwerreechung fannen verschidden Concerten statt.
Resultater
D’Resultater sinn den Dag no der Course op eisem Site www.kulturlaf.lu disponibel.
D’Online-Aschreiwunge sinn op!
This is default text for notification bar