Mir freeën eis, dass Dir beim „Sudstroum escher kulturlaf“ matmaacht.
Fir e gudden Oflaf vum Evenement ze garantéieren a fir datt Dir gutt informéiert um Laf deelhuele kënnt, biede mir Iech, des Informatiounen opmierksam ze liesen.
Den zentrale Punkt vum „Sudstroum escher kulturlaf“ ass beim Bâtiment 4 (Domaine du Schlassgoard) um Site vun ArcelorMittal Esch-Schëffleng zu Esch-Uelzecht. Hei sinn d’Arrivée, de Gewënnerpodium an „Nuit de la culture“.
D’Dossarden an d’Leefer-Sacochen kënnen am Bâtiment 4 (Domaine du Schlassgoard) um Site vun ArcelorMittal Esch-Schëffleng zu Esch/Uelzecht ofgeholl ginn.
De Start vum „ Sudstroum escher kulturlaf“ ass am Zentrum vun Esch op der Gemengeplatz.