Mobilitéit

Wichteg Informatiounen fir d’Leefer

Den zentrale Punkt vum „Sudstroum escher kulturlaf“ ass ass d’Place de la Résistance mam Depart. D’Arrivée ass beim „Déierepark Gaalgebierg“.

Opgepasst: Den Zentrum vun Esch ass net einfach z’erreechen. Parkt Äeren Auto am beschten um Parking Hiehl oder Belval-Gare a fuert mam ëffentlechen Transport op den Départ.

Den Accès op Place de la Résistance ass ganz einfach, souwuel mam Bus, mam Vëlo oder ze Fouss.

Douce Mobilitéit

Den Accès op de Site Belval an d’Sortie vum Site zu Fouss a mam Vëlo sinn ouni Ënnerbriechung wärend der ganzer Manifestatioun garantéiert.

Zuch

De Site Belval ass virun der Course (aus Richtung Lëtzebuerg a Péiteng) an no der Course (a Richtung Lëtzebuerg a Péiteng) un den CFL-Reseau ugebonnen. D’Zich fueren no de regulären Horairen.

Méi Informatiounen iwwert d’Fahrpläng op

Bus

De Site Belval ass mat den TICE-Bussen z’erreechen. D’Busse fueren no der regulären Horairen fir d’Arrivée virun der Course (aus Richtung Esch-Gare an Déifferdeng) a fir den Départ vu Belval no der Course (a Richtung Esch-Gare an Déifferdeng).

Méi Informatiounen iwwert d’Fahrpläng op

Auto

Et gi 4 Parkinge fir d’Leefer, hir Begleeder an d’Spectateuren:

  • Parking Place de la Résistance
  • Parking Stadhaus
  • Parking Hiehl
  • Parking Belval-Gare
Recent Comments
    Ads
    Event Search

    You should choose a search result page. You can choose the page from the Theme Options > Events > Event Search Results Page option.

    Latest Posts

    Remise des prix de l'édition 2021