Benevolat

Opruff fir Benevoler

Dir sidd eng Associatioun an Dir wëllt eng Hand mat upake bei der Organisatioun vum „Sudstroum escher kulturlaf“?

Fir d’Organisatioun vun engem sportlechen a kulturellen Event vun der Gréisst vum „Sudstroum escher kulturlaf” brauch een eng grouss Equipe. Mir sichen dofir Associatiounen an Eenzelpersounen, déi eis wëlle bei der Ëmsetzung vun dësem Defi hëllefen. Wann Dir eis wëllt als Benevol ënnerstëtzen, da kontaktéiert eis op kulturlaf@kulturlaf.lu fir weider Informatiounen an d’Konditioune fir matzemaachen.

All Benevole kritt en T-Shirt, eng Sacoche mat Ravitaillement an en Certificat.

E grousse MERCI am Viraus!