De „Yuppi-mini-kulturlaf“ass eng Course (1000 m) fir Kanner tëschent 5 an 12 Joer. Deng Participatioun ass gratis an du brauchs och keng Lizenz. De Yuppi ass während der Course op der Plaz an mécht och e klengen Obwiermtraining mat all den ageschriwwene Kanner.
Dat primäert Ziel vum „Yuppi-mini-kulturlaf” ass matzemaachen an sech z’amuséieren. Deng Zäit gëtt net gemooss. Bréng däi „Yuppi-Leef“-Carnet mat an och däi Yuppi-T-Shirt, wanns du schonn een hues. Wann net, da kriss du e „Cactus-Yuppi“-T-Shirt op der Plaz.
Du kriss och eng Yuppi-Medaille als Belounung fir deng Participatioun!







