Aschreiwung vu 5 bis 16 Joer
Aschreiwung vu 5 bis 16 Joer
17.15: Depart SUDenergie Mini-kulturlaf (1000 m)
Gëtt deemnächst matgedeelt
Freides, 5. September 2025 | |
---|---|
16 bis 20 Auer | Ofhuele vun den Dossarden a läscht Aschreiwungen |
Samschdes, 6. September 2025 | |
11 bis 17 Auer | Ofhuele vun den Dossarden a läscht Aschreiwungen |
17.15 | Depart SUDenergie Mini-kulturlaf (1000 m) |
18.00 | Depart Hallefmarathon / 10 Meilen / 10 Kilometer |
18.15 | Depart 5 Kilometer (Individuell an Team) |
18.30-22.00 | Navetten bei d’Duschen |
20.15 | Präisiwwerreechung |
20.30 | After-Kulturlaf-Party |
Maison des Arts et des Etudiants
(Université du Luxembourg)
Avenue de la Fonte
L-4364 Esch-sur-Alzette
Den zentrale Punkt vum „Sudstroum escher kulturlaf“ ass bei der „Maison des Arts et des Etudiants“ op Esch-Belval (direkt bei der Universitéit). Hei sinn den Départ, d’Arrivée, de Gewënnerpodium an den After-Kulturlaf. D’Dossarden kënnen och hei ofgeholl ginn.
Maison des Arts et des Etudiants
(Université du Luxembourg)
Avenue de la Fonte
L-4364 Esch-sur-Alzette
Den Accès op de Site ass ganz einfach mam Bus, mam Vëlo oder ze Fouss.
Mam Auto: Et gi verschidde Parkinge fir d’Leefer, hir Begleeder an d’Spectateuren:
Plangt genuch Zäit a fir op de Site ze kommen. En Depart ënnert Stress ka verhënneren, dass Dir Äer Course lafe kënnt, wéi Dir Iech dat virgestallt hutt.
Zukünfteg Championen um Départ!
De Parcours vum „Sudstroum escher kulturlaf“ féiert net nëmme laanscht verschidde kulturell Site vun der Stad. Museker a Museksgruppe spillen och op Podiumen an natierlech Emplacementer laanscht de Parcours an dat virun, wärend an no der Course.
Op der Streck encouragéiere Museker a Museksgruppen d’Leefer an ënnerhalen d’Spectateure.
D’Präisiwwerreechung ass géint 20.15 Auer an der „Maison des Arts et des Etudiants“ op Esch-Belval. No der Iwwerreechung fannen verschidden Concerten statt.
D’Vestiairen an d’Dusche vum Lycée Bel-Val (mat separatem Fraen- a Männerberäich) si fir d’Leefer disponibel. No der Course fiert eng Navette permanent tëschent der Arrivée an dem Lycée (Trajet: ongeféier 1 km).
D’Fotoe vum Laf wäerten sou séier wéi méiglech nom Event an der Galerie verfügbar sinn.
Laf mat, ameséier dech an huel deng Medaile mat wéi déi Grouss.
New membership are not allowed.