Informatiounen

Virun der Course
Timing
Freides, 5. September 2025
16 bis 20 Auer Ofhuele vun den Dossarden a läscht Aschreiwungen
Samschdes, 6. September 2025
11 bis 17 Auer Ofhuele vun den Dossarden a läscht Aschreiwungen
17.15 Depart SUDenergie Mini-kulturlaf (1000 m)
18.00 Depart Hallefmarathon / 10 Meilen / 10 Kilometer
18.15 Depart 5 Kilometer (Individuell an Team)
18.30-22.00 Navetten bei d’Duschen
20.15 Präisiwwerreechung
20.30 After-Kulturlaf-Party

Maison des Arts et des Etudiants
(Université du Luxembourg)
Avenue de la Fonte
L-4364 Esch-sur-Alzette

Google Maps

Wichteg Informatioune fir all Leefer

Den zentrale Punkt vum „Sudstroum escher kulturlaf“ ass bei der „Maison des Arts et des Etudiants“ op Esch-Belval (direkt bei der Universitéit). Hei sinn den Départ, d’Arrivée, de Gewënnerpodium an den After-Kulturlaf. D’Dossarden kënnen och hei ofgeholl ginn.

Dëst Joer bidde mir eng nei Distanz vu 5 Kilometer un! Du kanns entscheeden, eleng oder am Team ze lafen.

Beim Teamlaf starte genee 3 Leefer zesummen – jidderee leeft gläichzäiteg déi ganz 5 Kilometer. D’Zäiten vun allen dräi Leefer ginn zesummgerechent an erginn d’Teamzäit. Déi dräi séierst Teams gewanne flott Präisser!

Egal ob mat Frënn, Aarbechtskolleegen oder der Famill – et geet virun allem ëm de Spaass beim Lafen.
D’Participatioun ass op vun 12 Joer un.

Accès op de Site

Den Accès op de Site ass ganz einfach mam Bus, mam Vëlo oder ze Fouss.

Plangt genuch Zäit a fir op de Site ze kommen. En Depart ënnert Stress ka verhënneren, dass Dir Äer Course lafe kënnt, wéi Dir Iech dat virgestallt hutt.

Mam Auto

Et gi verschidde Parkinge fir d’Leefer, hir Begleeder an d’Spectateuren:

  • Parking Belval-Gare
  • Parking Belval Plaza I et II
  • Parking de l’Université

Zuch

De Site ass virun der Course (aus Richtung Lëtzebuerg a Péiteng) an no der Course (a Richtung Lëtzebuerg a Péiteng) un den CFL-Reseau ugebonnen. D’Zich fueren no de regulären Horairen.
Méi Informatiounen iwwert d’Fahrpläng:

www.mobiliteit.lu www.cfl.lu

Bus

Esch-Belval ass mat den TICE-Bussen z’erreechen. D’Busse fueren no der regulären Horairen.
Méi Informatiounen iwwert d’Fahrpläng:

www.mobiliteit.lu www.tice.lu

Douce Mobilitéit

Den Accès op de Site an d’Sortie vum Site zu Fouss a mam Vëlo sinn ouni Ënnerbriechung wärend der ganzer Manifestatioun garantéiert.

Logementer

Verschidden Hoteller stinn zur Verfügung:

  • The Seven Hotel zu Esch/Uelzecht (Gaalgebierg)
  • Ibis Belval um Site Esch-Belval
Consignes

Plangt genuch Zäit a fir Äer Sacoche virum Depart an eiser Consigne ofzeginn.

Ofhuele vun den Dossarden

Freides, de 5. September, vu 16 bis 20 Auer

Samschdes, de 6. September, vun 11 bis 17 Auer

Maison des Arts et des Etudiants
(Université du Luxembourg)
Avenue de la Fonte
L-4364 Esch-sur-Alzette

Google Maps

Depart

17.15: Depart SUDenergie Mini-kulturlaf (1000 m)

18.00: Depart Hallefmarathon / 10 Meilen / 10 Kilometer

18.15: Depart 5 Kilometer (Individuell an Team)
N.b. : Beim Teamlaf starte genee 3 Leefer zesummen – jidderee leeft gläichzäiteg déi ganz 5 Kilometer

All Leefer gëtt individuell chronométréiert.

Wärend der Course
Ravitaillement

Mir stellen 1 Ravitaillement um 5-Kilometer-Laf, 2 Ravitaillementen um 10-Kilometer-Laf, 3 Ravitaillementen um 10-Miles-Laf a 4 Ravitaillementen um Hallef-Marathon. Zousätzlech ass e Ravitaillement op der Arrivée virgesinn.

Chronométrage

De Chronométrage gëtt mat engem an der Startnummer intégréiertem Chip gemaach.

D’Nettozäit gëtt automatesch gerechent a kommunizéiert.

Kulturelle Parcours

De Parcours vum „Sudstroum escher kulturlaf“ féiert net nëmme laanscht verschidde kulturell Site vun der Stad. Museker a Museksgruppe spillen och op Podiumen an natierlech Emplacementer laanscht de Parcours an dat virun, wärend an no der Course.

Museksprogramm

Op der Streck encouragéiere Museker a Museksgruppen d’Leefer an ënnerhalen d’Spectateure.

No der Course
Präisiwwerreechung & «AFTER KULTURLAF PARTY»

D’Präisiwwerreechung ass géint 20.15 Auer an der „Maison des Arts et des Etudiants“ op Esch-Belval. No der Iwwerreechung fannen verschidden Concerten statt.

Resultater

D’Resultater sinn den Dag no der Course op eisem Site www.kulturlaf.lu disponibel.

Vestiairen & Duschen

D’Vestiairen an d’Dusche vum Lycée Bel-Val (mat separatem Fraen- a Männerberäich) si fir d’Leefer disponibel. No der Course fiert eng Navette permanent tëschent der Arrivée an dem Lycée (Trajet: ongeféier 1 km).

Fotoen

D’Fotoe vum Laf wäerten sou séier wéi méiglech nom Event an der Galerie verfügbar sinn.

D’Online-Aschreiwunge sinn op!
This is default text for notification bar