Och dest Joer ginn erëm zwou karitativ Organisatiounen mat engem Don ënnerstëtzt.
„SOS Villages d’Enfants“
„SOS Villages d’Enfants“ ënnerstëtzt säit 20 Joer Kanner a Familljen an Nout an der Ukrain. Säit Jore schonn sinn si bestänneg Gewalt virun allem am Osten vum Land ausgesat. Elo huet de Krich Honnertdausende Kanner a Familljen a Gefor bruecht.
„H.U.K. – Hëllef fir ukrainesch Kanner“
Déi lëtzebuergesch Associatioun „H.U.K. – Hëllef fir ukrainesch Kanner“ gouf de 25. Abrëll 1999 gegrënnt. Si sammelt Hëllefsgidder (all Zorte vu Kleeder an Accessoiren fir Babien, Kanner, Jugendlecher a Familljen) a këmmert sech och em den Transport an d’Ukrain an d’Verdeelung un d’Leit op der Plaz.