E Motiv fir de Leefer-T-Shirt
Dëst Joer kënne och Kënschtler a Grafiker um „Sudstroum Escher Kulturlaf“ deelhuelen. Si sinn invitéiert, de Motiv fir den T-Shirt z’entwerfen, dee jidfer ageschriwwene Leefer wéi ëmmer kritt.
Fir hiren Entworf mussen d’Kënschtler a Grafiker des Konditiounen respektéieren:
Faarw: schwaarzwäiss
Format: 313 x 250 mm
Läschten Termäin: 1. Mai 2020 um 17 Auer
Mail-Adress: kulturlaf@kulturlaf.lu
De Gewënner gëtt schrëftlech informéiert a kritt eng Belounung.
