10km

Aschreiwung ab 16 Joer

Depart

18.00 : Depart 10km

All Leefer gëtt individuell chronométréiert.

Tariffer
Aschreiwung vum 30.5.2025 bis den 2.06.2025

Standard:

17€

Studenten:

15€

Aschreiwung vum 06.03.2025 bis den 29.06.2025

Standard:

20€

Studenten:

16€

Aschreiwung vum 30.06.2025 bis den 10.08.2025

Standard:

25€

Studenten:

21 €

Aschreiwungen vum 11.08.2025 bis den 04.09.2025

Standard:

30€

Studenten:

26€

Aschreiwung vum 05.09.2025 bis den 06.09.2025

Standard:

35€

Studenten:

31€

Speziell Tariffer fir Entreprisen

Méi wéi 20 ageschriwwe Coureuren: Remise vun 10 %
Méi wéi 30 ageschriwwe Coureuren: Remise vu 15 %
Méi wéi 40 ageschriwwe Coureuren: Remise vun 20 %

Aschréiwung via Mail: kulturlaf@kulturlaf.lu

Virun der Course
Timing
Freides, 5. September 2025
16 bis 20 Auer Ofhuele vun den Dossarden a läscht Aschreiwungen
Samschdes, 6. September 2025
11 bis 17 Auer Ofhuele vun den Dossarden a läscht Aschreiwungen
17.15 Depart SUDenergie Mini-kulturlaf (1000 m)
18.00 Depart Hallefmarathon / 10 Meilen / 10 Kilometer
18.15 Depart 5 Kilometer (Individuell an Team)
18.30-22.00 Navetten bei d’Duschen
20.15 Präisiwwerreechung
20.30 After-Kulturlaf-Party

Maison des Arts et des Etudiants
(Université du Luxembourg)
Avenue de la Fonte
L-4364 Esch-sur-Alzette

Google Maps

Wichteg Informatioune fir all Leefer

Den zentrale Punkt vum „Sudstroum escher kulturlaf“ ass bei der „Maison des Arts et des Etudiants“ op Esch-Belval (direkt bei der Universitéit). Hei sinn den Départ, d’Arrivée, de Gewënnerpodium an den After-Kulturlaf. D’Dossarden kënnen och hei ofgeholl ginn.

Maison des Arts et des Etudiants
(Université du Luxembourg)
Avenue de la Fonte
L-4364 Esch-sur-Alzette

Google Maps

Accès op de Site

Den Accès op de Site ass ganz einfach mam Bus, mam Vëlo oder ze Fouss.

Mam Auto: Et gi verschidde Parkinge fir d’Leefer, hir Begleeder an d’Spectateuren:

  • Parking Belval-Gare
  • Parking Belval Plaza I et II
  • Parking de l’Université

Plangt genuch Zäit a fir op de Site ze kommen. En Depart ënnert Stress ka verhënneren, dass Dir Äer Course lafe kënnt, wéi Dir Iech dat virgestallt hutt.

Consignes

Plangt genuch Zäit a fir Äer Sacoche virum Depart an eiser Consigne ofzeginn.

Ofhuele vun den Dossarden

Freides, de 5. September, vu 16 bis 20 Auer

Samschdes, de 6. September, vun 11 bis 17 Auer

Maison des Arts et des Etudiants
(Université du Luxembourg)
Avenue de la Fonte
L-4364 Esch-sur-Alzette

Google Maps

Bass du prett, d’Erausfuerderung unzehuelen?

Schléiss dech Honnerte vu Lafenthusiasten um Start vum Kulturlaf un
Wärend der Course
Ravitaillement

Mir stellen 1 Ravitaillement um 5-Kilometer-Laf, 2 Ravitaillementen um 10-Kilometer-Laf, 3 Ravitaillementen um 10-Miles-Laf a 4 Ravitaillementen um Hallef-Marathon. Zousätzlech ass e Ravitaillement op der Arrivée virgesinn.

Chronométrage

De Chronométrage gëtt mat engem an der Startnummer intégréiertem Chip gemaach.

D’Nettozäit gëtt automatesch gerechent a kommunizéiert.

Kulturelle Parcours

De Parcours vum „Sudstroum escher kulturlaf“ féiert net nëmme laanscht verschidde kulturell Site vun der Stad. Museker a Museksgruppe spillen och op Podiumen an natierlech Emplacementer laanscht de Parcours an dat virun, wärend an no der Course.

Museksprogramm

Op der Streck encouragéiere Museker a Museksgruppen d’Leefer an ënnerhalen d’Spectateure.

No der Course
Präisiwwerreechung & «AFTER KULTURLAF PARTY»

D’Präisiwwerreechung ass géint 20.15 Auer an der „Maison des Arts et des Etudiants“ op Esch-Belval. No der Iwwerreechung fannen verschidden Concerten statt.

Resultater

D’Resultater sinn den Dag no der Course op eisem Site www.kulturlaf.lu disponibel.

Vestiairen & Duschen

D’Vestiairen an d’Dusche vum Lycée Bel-Val (mat separatem Fraen- a Männerberäich) si fir d’Leefer disponibel. No der Course fiert eng Navette permanent tëschent der Arrivée an dem Lycée (Trajet: ongeféier 1 km).

Fotoen

D’Fotoe vum Laf wäerten sou séier wéi méiglech nom Event an der Galerie verfügbar sinn.

Egal ob Dir Ufänger oder erfuerene Leefer sidd, jiddereen ass wëllkomm.

De Kulturlaf ass méi wéi just e Laf: et ass en Event!

D'Strecken
D’Online-Aschreiwunge sinn op!
This is default text for notification bar