Yuppi-mini-kulturlaf

Wat ass dann de Yuppi-Mini-Kulturlaf?

De “yuppi-mini-kulturlaf” ass eng Course fir Kanner tëschent 5 an 12 Joer, déi gäre lafen.

Deng Participatioun ass gratis an du brauchs och keng Lizenz. De Yuppi ass während der Course mat op der Plaz an de Yuppi mécht och e klengen Obwiermtraining mat all den ageschriwwene Kanner. Dat primäert Ziel vum “yuppi-mini-kulturlaf” ass matzemaachen an sech z’amuséieren. Deng Zäit gëtt net gemooss. Bréng däi “Yuppi-Leef”-Carnet mat an och däi Yuppi-T-Shirt wanns du schonn een hues. Wann net, da kriss du ee Cactus-Yuppi-T-Shirt op der Plaz! Du kriss och eng Yuppi-Medaille als Belounung fir deng Participatioun!

All d’Yuppi-Coursë fënns du hei

facebook
instagram