Mobilitéit

Wichteg Informatioune fir d’Leefer

Den zentrale Punkt vum „Sudstroum Escher Kulturlaf“ ass de Site vun den Héichiewen zu Esch/Belval. Hei sinn den Départ an d’Arrivée vun der Course, de Gewënnerpodium an d’Kulturfest „After Kulturlaf Party“.

Mir recommandéieren Iech, zu Fouss, mam Vëlo oder mam ëffentlechen Transport (Bus oder Zuch) op de Site Belval ze kommen. Mir hunn en iwwerdaachten, bewaachten an ofgespaarte Vëlosparking.

Douce Mobilitéit

Den Accès op de Site Belval an d’Sortie vum Site zu Fouss a mam Vëlo sinn ouni Ënnerbriechung wärend der ganzer Manifestatioun garantéiert.

Zuch

De Site Belval ass virun der Course (aus Richtung Lëtzebuerg a Péiteng) an no der Course (a Richtung Lëtzebuerg a Péiteng) un den CFL-Reseau ugebonnen.
D’Zich fueren no de regulären Horairen. Méi Informatiounen op www.mobiliteit.lu an www.cfl.lu.

Bus

De Site Belval ass mat den Tice-Busser z’erreechen. D’Busser fueren no der regulären Horairen. Méi Informatiounen op www.mobiliteit.lu an tice.lu”>www.tice.lu.

Auto

4 Parkinge stinn an der Emgéigend vum Depart/Arrivée an der „After Kulturlaf Party“ zur Verfügung:

Parking CFL
Parking Belval Plaza I an II
Parking Square Mile
Parking Université

facebook
instagram