Laf vun a-z

TIMING
Freides, de 6. September 2019

16.00-20.00
Ofhuele vun den Dossarden a läscht Aschreiwungen

Adresse :
Le Fonds Belval
1, avenue du Rock’n’Roll
L-4361 Esch/Belval
+/- 50 m vun den Héichiewen

16.00-22.00
DIMMI-SI PASTA PARTY

All ageschriwwene Leefer kritt um Virowend vun der Course eng Portioun Nuddelen.

LIVE CONCERT

Samschdes, de 7. September 2019

10.00-16.00
Ofhuele vun den Dossarden a läscht Aschreiwungen

Adresse :
Le Fonds Belval
1, avenue du Rock’n’Roll
L-4361 Esch/Belval
+/- 50 m vun den Héichiewen

15.00: Ouverture vum Food Village
16.00: Garderie (Alter: vu 4 Joer un)
16.00: Depart yuppi-mini-kulturlaf 1000m
16.30: Ouverture vum yuppi-mini-village
17.00: Depart 10 Meilen / 10 Kilometer
17.30-21.00: Navetten bei d’Duschen
19.30: Präisiwwerreechung
20.00: “After Kulturlaf Party”
02.00: The End

Wichteg Informatioune fir all Leefer

Mir freeën eis, dass Dir beim „Sudstroum Escher Kulturlaf“ matmaacht.
Fir e gudden Oflaf vum Evenement a fir datt Dir gutt informéiert um Laf deelhuele kënnt, biede mir Iech, d’Informatiounen hei drënner opmierksam duerchzeliesen.

Den zentrale Punkt vum „Sudstroum Escher Kulturlaf“ ass um Terrain vum Fonds Belval ënnert den Héichiewen.
Hei sinn och den Depart an d’Arrivée, de Gewënnerpodium an d’Soirée „After Kulturlaf Party“.
D’Dossarden an d’Leefer-Sacochen kënnen am Gebai Fonds Belval ofgeholl ginn.

Zougang zum Site

Den Accès op de Site Belval ass ganz einfach, souwuel mam Bus, ze Fouss oder mam Vëlo.

Et sti 4 Parkingen zur Verfügung fir d’Leefer, hir Begleeder an d’Spectateuren:
de Parking CFL
de Parking Belval Plaza I an II
de Parking Square Mile
de Parking Université

Fir den Accès op de Site huelt d’Autobunn A4 an Direktioun Esch/Uelzecht, vun do aus fuert de Panneaue „Sudstroum Escher Kulturlaf“ no bis op de Site vum Laf. Plangt genuch Zäit a fir op de Site ze kommen. En Depart ënnert Stress ka verhënneren, dass Dir Äer Course lafe kënnt, wéi Dir Iech dat virgestallt hutt.

Kulinaresch Stänn am Food Village

„Gesond Iessen, méi beweegen“, dat ass de Slogan vun der nationaler Sensibiliséierungscampagne fir e méi gesonde Liewensstil, eng Campagne, déi mir och dëst Joer erëm ënnerstëtzen. Divers lokal Associatioune bidde verschidde Spezialitéite fir all Goût un.

Consigne

Beim Ofhuele vun Äerem Dossard kritt Dir eng nummeréiert Sacoche, an déi Dir virum Depart Är Kleeder kënnt maachen. Plangt genuch Zäit a fir Äer Sacoche virum Depart an eiser Consigne ofzeginn. De Gebrauch vun der „Sudstroum Escher Kulturlaf“-Sacoche ass obligatoresch. Mir huele keng aner Sacochen un.

Chronométrage

De Chronométrage gëtt mam Aktiv Transponder DataPro Chip gemaach (Datapsort). Als Organisateur stelle mir Iech dësen ouni Käschten zur Verfügung. Bei der Arrivée muss Dir dësen un eis Equipe zréckginn. Am anere Fall berechne mir Iech 40 € dofir.

Ären individuelle Chip ass dëst Joer och nees gülteg fir dëse Laf. Dir kënnt dëse bei Äerer Aschreiwung registréieren.

Depart

Den Depart vun den Haaptcoursen (10 Meilen an 10 Kilometer) ass um 17.00 Auer bei den Héichiewen. All Leefer gëtt individuell chronométréiert.

Den Depart vum “yuppi-mini-kulturlaf” (1000 Meter) ass um 16.00.

Ofhuele vun den Dossarden

Freides, de 6. September, vu 16.00 bis 20.00 Auer
Samschdes, de 7. September, vun 10.00 bis 16.00 Auer

Le Fonds Belval
1, avenue du Rock’n’Roll
L-4361 Esch/Belval
+/- 50 m vun den Héichiewen

Garderie & yuppi-mini-village

Am yuppi-mini-village kënnen d’Kanner u verschiddenen Aktivitéiten a kreativen Atelieren deelhuelen a verschidde Sportaarten ausprobéieren.
Elteren, déi bei der Course wëlle matmaachen, kënnen hir Kanner (Mindestalter: 4 Joer) an der Garderie ofginn. Den Encadrement vun de Kanner gëtt vun diploméiertem Personal gemaach. D’Aschreiwung gëtt iwwert den Inscriptiounssystem vum Laf gemaach, andeem ee bei der Aschreiwung d’Case „Garderie“ uklickt. Fir all Froen a weider Renseignementer kontaktéiert eis iwwer kulturlaf@kulturlaf.lu

Kulturelle Parcours

De Parcours vum „Sudstroum Escher Kulturlaf“ féiert net nëmme laanscht divers kulturell Site vun der Stad. Museker a Museksgruppe spillen och op Podiumen an natierlech Emplacementer laanscht de Parcours an dat virun, wärend an no der Course.

Ravitaillement

Déi éischt Coureuren (10 Kilometer) lafen no ongeféier 30 Minutten iwwert d’Arrivée. Wéinst dëser relativ kuerzer Dauer vum Effort ass e grousse Ravitaillement net néideg. Fir d’Coureuren, déi manner séier sinn, an d’Amateuren ass et awer wichteg, regelméisseg ze drénken an z’iessen. Dofir stelle mir 3 Ravitaillementen um 10-Kilometer-Laf an een op der Arrivée zur Verfügung. Fir de 10-Meile-Laf si 5 Ravitaillementen um Parcours an een op der Arrivée virgesinn.

Präisiwwerreechung & „After Kulturlaf Party“

D’Präisiwwerreechung ass ënnert den Héichiewen. No der Course sinn d’Concerte vun der „Après Kulturlaf Party“

Resultater

D’Resultater si vu Sonndes, 8. September, un op eisem Site www.kulturlaf.lu disponibel.

Vestiairen & Duschen

D’Vestiairen an d’Dusche vum Lycée Bel-Val sinn disponibel, mat separatem Fraen- a Männerberäich. Eng Navette fiert permanent tëschent der Arrivée an dem Lycée Bel-Val (Trajet:  ongeféier 1 km).

facebook
instagram